|
1 malle, 2 acteurs et des extraits de 3 pièces de Molière ont enthousiasmé les élèves du LCE en apportant dans leur salle de classe le rire et la magie du théâtre. |
|
|
De Sponsored Run 2012 war- trotz dem net esou schéine Wieder- e grousse Succès. 257 Schüler, Schülerinnen a Professere sinn äifreg gelaaf, déi meescht vun hinnen 60 Minute laang. Vun H.E.L.P. asbl. aus geet e grousse Merci u si alleguerten fir hiren Asaz an hir Ausdauer. Mam Erléis vum Sponsored Run 2012 ënnerstëtzten d’Leefer an d’Leeferinnen zesumme mat H.E.L.P. asbl., „Action Solidarité Tiers Monde“ an „Aide à l'Enfance de l'Inde“ zwee Projeten a Südwestindien, déi de Kanner vu Wanderaarbechter, déi a Steebréch respektiv an Eisenerzminen schaffen, eng besser Zukunft wëlle garantéieren. Et geet ënner anerem drëm Kanneraarbecht ze vermeiden, d'Gesondheet vun dëse Kanner ze schützen an hinnen eng flexibel an efficace Schoulbildung ze proposéieren, déi der Situatioun vun der Famill ugepasst ass. weider Biller ënner der Rubrik "ALBUM" |
|
|
10 YEARS PROJECTS ON STAGE |
|
En interessanten Owend hunn d' Schüler vun 2e an 12e eis e Freiden an engem gutt besate Trifolion gebueden. Op eng professionell Manéier hunn si hier Projeten, déi si mat vill Äifer am Cours Projektmanagement dëst Schouljoer selwer realiséiert hunn, virgestallt. Dobäi goufen si vum Olivier Catani bei der Moderatioun ënnerstëtzt. Säit lo schonns 10 Joer gëtt dëst Fach vun der Madame Vera Wantz a spéider vum Här Jean-Claude Zeien mat vill Engagement ënnerriicht. Souwuel déi invitéiert Experten aus dem Bankewiesen, der Industrie an der Wirtschaft wéi och d' Ancienen an d' Enseignanten aus dem LCE hunn d' Wichtegkeet vu dem Fach ëmmer rëm ënnerstrach. Sou ass e gelongenen Owend op en Ënn gaangen a munch 3e oder 11e Schüler freet sech lo schonns fir d' nächst Schouljoer am Kader vum Projektmanagement säi Projet och däerfen ze realiséieren. |
|
|
Fir de Gesank am Gank vum zweeten Trimester hunn och eng Rëtsch Enseignanten aus dem Iechternacher Lycée hire Courage zesumme geholl fir sech de Schülerinnen a Schüler vun enger anerer Säit ze weisen. Den 23. Mäerz um 9:50 hu si an der ‚grousser Paus’ am Trapenhaus vum Haaptgebai ënnert der Leedung vum Museksprofesser Georges Urwald zwee Lidder gesongen, déi natierlech mat hirem Beruffsstand ze doen hunn: Här Professer, ech weess alles auswenneg vum Pir Kremer an Teacher’s Pet vun der Doris Day. Den 22. Mäerz an der Paus hunn d’Septimaner mat zwee neie Stécker iwwert den iKnëff an iwwert eng Buschtawenzopp aus der Cantine virgekontert a gutt Laun an der Paus verbreet. |
|
Nous avons le plaisir de vous inviter à l’exposition affichant des photographies réalisées par des élèves de la Lydenburg Hoërskool (Afrique du Sud) et du Lycée classique d’Echternach. Les différentes oeuvres documentent leur chemin journalier vers l’école. |
|
|
|
<< Start < Prev 1 2 3 4 Next > End >>
|
| Results 1 - 9 of 35 |