|
Geschicht, déi ënnert d’Haut goung … |
|
oder e realistescht Bild vum Krich an eiser Géigend … “D’Ardennenoffensiv nogestallt” – dat war d’Thema vun der Veranstaltung “De Krich am Bësch / De Bësch am Krich” op Mélick. 230 Jugendlecher aus dem LCE haten d’Méiglechkeet sech unhand vun 8 verschiddenen Atelieren am Bësch – do wou de Krich stattfonnt huet – iwwer dëst Thema z’informéieren. “Geschicht erliewen” geet eppes méi déif ënnert d’Haut wéi Texter liesen am Geschichtsbuch. Vum pädagogesche Standpunkt aus eng wäertvoll Ergänzung zum wöchentleche Geschichtscours. Wéi d’Zäitzeien “Erlieftes” erzielt hunn gouf et direkt ganz roueg. Genau esou bei der Besichtegung vun der “ënnerierdescher Stopp” am Bësch wou 7 Refractairen ënner onmënschleche Konditiounen op d’mannst 6 Méint vun hirem Liewen ënner Doudangscht verbruecht hunn. Jiddwerengem dierft et vun elo u kloer sinn wat “Zaldot sinn” wierklech heescht. |
|
|
Themendag ‘Kulturierwen zu Iechternach’ |
|
Den 23.Abrëll 2013 hu sech d’7e-, 8e- a 6e-Klasse mat hire Professeren ee Schouldag laang mam ‘Pâtrimoine‘ vum Iechternacher Kolléisch auseneegesat. Duerch d’fächeriwwergräifend Beschäftegung mat verschiddenen Aspekter zu der Geschicht vun der Schoul ass probéiert ginn, fir Informatiounen a Wëssen iwwert en alldeeglecht Ëmfeld ze vermëttelen, déi am reguläre Fächerkanon oft ze kuerz kommen, fir d’Bewosstsënn vun de Schüler fir en eemolege Site ze schäerfen a fir den néidege Respekt fir d’Gebailechkeeten ze schafen, ze erhale resp. ze verstäerken. Di éischt Stonn hunn d’Schüler an der Basilika, op där Plaz also, wou sou zesoen ‚alles ugefaangen huet‘ zu de Kläng vun der Iechternacher Basilika-Uergel, eng geschichtlech Aféierung vum Här Direkter Henri Trauffler kritt. D’Friichte vum Themendag sinn a Form vun enger Ausstellung am Kräizgang ausgehaange ginn. |
|
|
Hausconcert Spigelkabinett |
|
De 26.Abrëll 2013 wor am Spigelsall vum Iechternacher Kolléisch di éischt Oplo vum Hausconcert Spigelkabinett, enger Spektakel-Plattform fir kënstleresch Villfalt. Hei gëtt Musek, Theater, Danz, Poesie ugebueden. D‘7o5 huet mat 3 Lidder aus sengem neie Projet DinA4-Kand de Concert agesongen. D‘2A ‚Musek a Literatur‘ huet 3 Lidder vu Brecht, Baudelaire an Austen gesongen an erkläert. D’2e-Theateroptioun Littérature: interprétation et jeu huet 3 flott Sketcher a franséischer Sprooch opgefouert, den ‘Ensemble Vocal du LCE’ huet 3 epocheniwwergräifend Lidder zum Beschte ginn, d’1e-Optioun Die singenden Primaner von Echternach huet sou genannte Léier- a Wëssenslidder opgefouert an erkläert. Den Ofschloss huet de Proffechouer mat 3 franséische Chansons gemat. De Spigelsall wor gutt gefëllt, dem Publikum huet den ofwiesselungsräiche Programm gefall. De Spigelkabinett stoung ënnert der Leedung vun den Enseignanten Carole Lorang, Nikola Eckertova a Georges Urwald. |
|
|
‘Salounge de l’Orangerie’ Grooves, Moods, Flavours & More |
|
De 26.Abrëll 2013 hunn de Schülerkulturgrupp an d’Direktioun vum LCE vun 20 Auer un op di éischt ‚Salounge de l’Orangerie‘ am Keller vum Orangerie-Gebai invitéiert. Den Numm leent sech un d’‘Salons de l’Orangerie‘ un, déi reegelméisseg op der selwechter Plaz stattfannen. Et handelt sech bäi der ‚Salounge‘ ëm eng stëmmungsvoll Lounge mat Groussstadflair, ganz am Zeeche vun der Orange: den DJ Juicy huet opgeluet, d’Beliichtung huet de Keller an orange Liicht getaucht, d’Leit konnte sech op Sëtzer an Orange-Form ënnerhalen an um neien, orangë Comptoir verschidde Cocktailen op Basis vun Orangejus schmaachen. Eng flott Initiative fir ënnert aneren d’Membere vum LCE an engem ‚aneren‘ Kontext zesummenzebréngen. |
|
|
Den LCE huet seng Dieren opgemaach ... |
|
D’ Porte Ouverte am LCE huet den 2. Mee 2013 stattfonnt. Mat vill Interêt hunn d’Visiteure vum LCE sech no der musikalescher Begréissung duerch de Septimanerchouer, an no der Usproch an allgemenger Presentatioun vum Direkter Henri Trauffler de Lycée am Detail weise gelooss. D’Schüler vum Grupp “Pâtre et Moine” hunn d’Visiteuren an déi eenzel Departementer vum LCE begleet an dobäi déi néideg Explikatioune geliwwert. D’ Konzepter an d’Neierungen um pädagogesche Plang stoungen am Mëttelpunkt. De Service de Psychlogie et d’Orientation Scolaire, de Proffen-, Elteren- a Schülercomité an d’Internat hu sech virgestallt. An eenzelne Klassesäll hunn Animatiounen an Experimenter en Abléck an de Schoulalldag ginn. Verschidden Ausstellunge waren ze gesinn, dorënner d’Biller vum rezente Photosconcours, d’Photoen iwwert d’Schoultheatergrupp “Les Nouveaux-Nez Epternaciens”, wéi och d’Wanderausstellung “Déchetland” vu Frères des Hommes. Bei engem gemittleche Patt a Mäifelche konnten d’Visiteuren hir éischt Bekanntschaft mam LCE ofschléissen. D’Diere vum LCE sti weiderhin op fir all Ufro an d’ Direktioun ass bereet fir zousätzlech Renseignementer iwwert d’Schoul an d’Admissiounen ze ginn. weider Photoen ënnert der Rubrik "ALBUM" |
|
|
|
<< Start < Prev 1 2 3 4 5 6 Next > End >>
|
| Results 1 - 9 of 48 |