|
Naturwëssenschaftsolympiad |
|
|
|
D'Qualifikatiounsronn vun der Naturwëssenschaftsolympiad huet de leschten Donneschden de 17.11. am Festsall stattfonnt. 111 Schüler vu 4e, 3e, 10PS an 11PS hunn deelgeholl. Hinne villmols Merci fir hiren Interessi fir d’Naturwëssenschaften. Mir hoffen, datt genee wéi d'lescht Joer, sech erëm eng Equipe fir d’Finale qualifizéiert. De Salzwaasseraquarium an der Bio. De Bob Barthelmé huet dësen déi lescht 2 Joer zesumme mat Schüler am Kader vun engem Projet a sengem Stage opgebaut! Zanter dem leschten Donneschden huet e seng definitiv Plaz am Gank an der Bio fonnt an ass direkt zu engem Bléckfang fir all Schüler ginn.
|