|
Eis Schüler vun den 7ES hunn am Trifolion vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg e Concert gebuede kritt, deen Museksstécker zum Thema 'Indianer' um Programm haat. An der Form vun engem Gespréichsconcert huet d'Moderatorin Nadine Kauffmann dene jonke Leit fir d'éischt, mat Hëllef vum Orchester, déi Haaptiddiën aus de Concertsstécker virgestallt, ir se dunn am Ganzen opgefouert goufen. An deene leschte Wochen hu séch eis Schüler an hire Museksstonne scho mat dem Concertsprogramm befaasst, sou dass dat hei e wonnerbaren Anschauungsunterricht fir sie war.
|