Gesank virum Gank

Neen, et ass kee Schreiffeeler! Wéinst Covid war et de Sängerinnen a Sänger aus eiser Schoul dëst Semester net erlabt an der Paus am Gank vum Haptgebai ze sangen.

Ronn Formen

Bei dësem Projet vun der „Option photographie digitale“ huet d’2e sechop d’Sich no ronne Forme gemaach.

Spuere vun der Zäit

Fotosoptioun vun der Madamm Andrée Staar Och kleng an onscheinbar Saachen, deene mir dagdeeglech op eisem Wee begéinen, sinn et derwäert, méi genee gekuckt ze gin: Si weisen oft interessant Spueren op, déi de Mënsch oder d’Verwitterung hannerlooss hunn. D’Spuere vun der Zäit hunn hir ganz eegen Aesthetik.

Liesung mam Tullio Forgiarini

Am Kader vum Projet #liesenassgesond war den Tullio Forgiarini de 7. Dezember 2021 op Besuch am LCE. De lëtzebuergesche Schrëftsteller schreift net nëmme Romaner, mee och Kuerzgeschichten, Theaterstécker an Dréibicher fir Filmer. D’Schüler vun der 4C4 (Klass Madamm Annik Schank) haten am Virfeld schonns e Kapitel aus sengem Roman “Amok” an der Klass gelies an hate ganz vill Froen […]

Banksy zu Mainz

Zesumme mat hire Konschtprofessorinne sinn d’Schüler/Inne vun eiser E-Sektioun a vun eiser Graffiti-Optioun den 19. November 2021 op Mainz gefuer, fir do eng Ausstellung mat Wierker vum Kënschtler Banksy ze kucken. Dem Graffiti-Kënschtler seng Wierker gräife gesellschaftskritesch an zäitgenëssesch politesch Themen op, woubäi den typesch britteschen Humor oft grafesch duergestallt gëtt. Och kruten d’Schüler/Inne wärend enger guidéierter  Visitt duerch déi verschiddenen […]

Bildungsforum 2021

De Nohaltegkeetsgrupp vum LCE war de 17. November 2021 um Bildungsforum „Schule der Zukunft“ am Forum um Geesseknäppchen. No engem Virtrag vum Margret Rasfeld zu den Erausfuerderungen, deenen sech d‘ Bildungssystem an den aktuell turbulenten Zäite stelle muss, haten d’Schülerinnen an d’Enseignantë d’Méiglechkeet, a verschiddene Workshops vill flott Iddien ze sammelen, fir d‘Léiren an der […]

Post Capitals

D’Schüler*inne  vun der 7G2 hunn am Kader vun der Educatioun Artistique (Cours Madamm Elaine Schintgen) en Ausfluch an de MUDAM gemaach. No enger guidéierter Visitt vun der aktueller Ausstellung „Post Capitals“ konnte si un engem interessante Workshop deelhuelen, wou si ganz flott Drockgrafiken entworf hunn.

CAL 2021: Journée artistique

Eis 2CE (Klass Madamm L. Gudendorf) huet op der “Journée artistique”, déi de CAL 2021 (Cercle Artistique de Luxembourg) fir all 2CE Klassen organiséiert huet, deelgeholl. No enger guidéierter Visitt hunn eis Schüler a Schülerinnen uschléissend eng kleng Zeechenübung gemaach. Besonnesch motivant ware fir si d’Wierker vu jonke Konschtstudenten a Konschtstudentinnen, déi vun engem internationale Jury fir […]

Impfkampagne

Am LCE goufen en Dënschden am Kader vun der Impfkampagne an de Lycéeën 45 Schüler*inne géint de Covid geimpft.