on.perfekt am Optiounscours „Sustainable Future“

Den 13. Mäerz 2024 war d’Laura Possing vun der Société Coopérative on.perfekt op Besuch am Optiounscours „Sustainable Future“ fir iwwer Liewensmëttelverschwendung ze schwätzen.Dobäi sinn d’Schüler*innen ënner anerem gewuer ginn, datt een Drëttel vun de weltwäit produzéierte Liewensmëttel ewechgeheit ginn an aus wéi engen Ursaachen dat geschitt. Si hunn och geléiert, wat den Ënnerscheed tëscht enger […]

Zweete Präis fir eis jonk Journalisten!

D’Schüler vun der 3CA hunn am Kader vum Concours “Jeune Journaliste” e Magazine iwwert Slow Food a Slow Fashion erstallt. Heifir hunn si e Sträitgespréich mat Fir- an Nodeeler simuléiert, eng Ëmfro gemaach a souguer en Interview mam Caroline Nockels, der Besëtzerin vum Carli’s Coffee, gefouert.Fir hier Efforte kréien si e Méinden den zweete Präis […]

Researchers at School

Et ass fir di 14. Kéier, datt de Fonds National de la Recherche www.fnr.lu« Researchers at School » (fréier « Chercheurs à l’école ») organiséiert. Lokal Fuerscher aus alle wëssenschaftlechen Disziplinne kommen an d’Lycéeë, fir mat de Schüler, iwwert hiert Liewen als Fuerscher ze schwätzen, si ze motivéieren an hier Passioun ze deelen. En Dënschdeg […]

LCE goes POP ART

Wären de Roy Lichtenstein an den Andy Warhol zu Iechternach passéiert, dann hätten si sécher och eist schéint Gebai kënschtleresch verschafft!Dat hunn eis SchülerInnen aus der Optioun “photographie digitale” (Madamm Andrée Staar) mat Hëllef vun engem spezielle Computerprogramm lo nogeholl.Hei kritt Dir an de nächsten Deeg hir schéinste Fotoen gewisen. Freet Iech drop! 

Brevet Bronze vum Mérite Jeunesse

De « Mérite Jeunesse » zeechent den Engagement vu Jonken an de Beräicher Expeditioun, Sport, Talent a Benevolat aus. Véier Schüler aus dem LCE hu rezent hire « Brevet Bronze » ofgeschloss.Op der Remise des Insignes kruten d’Amélie Gretsch an d‘Julie Gretsch hire Certificat vum Prënz Guillaume a vum Bildungsminister Claude Meisch iwwerreecht. Begleet goufen […]

Vente en commun

De Samschden vum 2. Mäerz,  hunn eis Mini-Entreprisë “Big Beef Burger”, “Smilecoffee” a “”Star Racing” hir Produiten an der Belle-Etoile am Kader vun der “Vente en commun” vun de Mini-Entreprisë verkaf.

3CI um Makerfest

D’Schüler vun der 3CI (Sektioun Informatik a Kommunikatioun) ware mat hiren Infos-Proffen dem Här Thillen an dem Här Gashi um Forum Geesseknäppchen an den MAKERFEST, eng Veranstaltung, op deier jonk Schüler d’Méiglechkeet kréien, nei Technologien z’entdecken, andeem se u praktesche Workshops deelhuelen. Besonnesch erausgestach si folgend Workshops:1. Cryptography: Schüler hunn geléiert  wéi ee Text ver- an entschlësselen kann.2. Roboter stéieren: Schüler hunn Roboter-Wonn duerch ee Parcours gestéiert.3. […]

FairTrade@LCE

D‘Schüler vum Grupp “FairTrade@LCE” (2GCG) hunn am Kader vum Fach “Gestion de Projet “zesumme mat der ONG Fairtrade Lëtzebuerg fir eenzel Klassen aus dem LCE e Workshop zum Thema “Fair Fashion” organiséiert.

High-tech research for better solar cells

Den 20. Februar 2024 waren eis Schülerinnen a Schüler vun der 2CB an 2CC am Scienteens Lab op der Uni Lëtzebuerg fir en Abléck an d’Solarzellefuerschung ze kréien. Verschidde Solarzell-Technologien hunn hinnen dobäi gehollef ze erkenne wou d’Challengen an der Fuerschung lauere, fir maximal effizient Solarzellen hierzestellen.Donieft hunn si selwer organesch Faarfstoffsolarzelle gebaut a mat […]

Mathésolympiad

De Yann Fetz (5CM) an de Louis Schmit (2CB) hunn un der Halleffinall vun der Mathésolympiad deelgeholl. Mir drécken hinnen d’Daumen!