Kandidatur fir de Schülercomité

Stell deng KANDIDATUR fir de Schülercomité vum LCE!  Du bass motivéiert fir deng Schoul matzegestalten? Du setz dech gäre fir deng Matschüler a Matschülerinnen an? Du sammels gär nei Erfarungen a wëlls deng Meenung soen? Du iwwerhëls gär Verantwortung Da bass DU genau dee Richtegen, dat Richtegt fir e vun den 13 Membere vun eisem Schülercomité ze ginn!!  […]

Expo – Sportfestival DeLux

Vum 25. Juni bis 15. Juli 2022 waren déi flottste Biller vum “Sportfestival DeLux” am Kräizgank ausgestallt.D’Ausstellung, déi mat Mëttelen aus dem Programm Interreg-Großregion vun der Europäischer Union ënnerstëtzt gouf, ass vu ville Schüler mat Interesse gekuckt ginn. E Plakat mat de beschte Fotoe gëtt vum nächste Schouljoer un am Gank virum Turnsall opgehaangen.

Expo – Sportfestival DeLux

Vum 25. Juni bis 15. Juli fannt dir déi flottste Biller vum “Sportfestival DeLux” am Kräizgank.Dat Sportsfest war de 6. Mee, mat de Schüler vun der 6C4, 5C2, 6C2, 6G3 a 5G2, zu Lënster am Lycée. D’Ausstellung ass an der Zesummenaarbecht mam Programm Interreg-Großregion entstanen.

Optakt vum “Mérite Jeunesse” am LCE

Säit dësem Schouljoer ass den LCE och eng Unitéit vum „Mérite Jeunesse“, ee vun de weltwäit gréisste Jugendprogrammen, deen oppe fir all Jonken tëscht 14 a 25 Joer ass. Aus dësem Ulass koum de Prënz Guillaume, President vum Verwaltungsrot, e Freiden, de 6. Mee 2022 an de Spigelsall, fir eiser Schoulgemeinschaft de Programm virzestellen. An […]

WSafety2022 – Themenowend

Grousse Respekt fir déi 4 jonk Schülerinnen vun WSafety2022 aus dem Lycée classique d’Echternach fir d’Initiative an d’Organisatioun vum Themenowend gëschter am Trifolion Echternach. Eng ganz interessant Ronn mam Me Noémie Sadler, Mme Caroline Martiny an Dr Roland Seligmann, moderéiert vum Mike Folschette. Et kommen emmer nees jonk Leit zesummen fir iwert dat wichtegt Tabuthema […]

Atelier “Deux en un”

Den 22. Abrëll 2022 ware Vertrieder vun der Chambre de Commerce an dem House of Entrepreneurship am LCE op Besuch. Am éischten Atelier “L’économie luxembourgeoise – Did you know?” kruten d’Schüler een Abléck an d’Lëtzebuerger Ekonomie. Am Fokus waren de Wandel vum Secteur primär zum Secteur tertiäre, mee awer och d’Secteurs clés vun der Ekonomie […]