Mathésolympiad

De Yann Fetz (5CM) an de Louis Schmit (2CB) hunn un der Halleffinall vun der Mathésolympiad deelgeholl. Mir drécken hinnen d’Daumen!

Mérite Jeunesse am LCE

wwer 30 Schüler hate sech am Spigelsall afonnt, fir weider Detailer vum Carmen Schares a vum Nathalie Frohnen iwwer de “Mérite Jeunesse” gewuer ze ginn.D’Schüler si motivéiert fir sech an dräi verschidden ausserschoulesche Beräicher neien Erausfuerderungen ze stellen. A si schénge Loscht op d’Expeditioun ze hunn, en Hike mat Iwwernuechtung, wou déi Jonk villes selwer […]

Safer Internet

Och dëst Schouljoer kruten eis Septimaner vun de Fachleit vu “Bee Secure” de sécheren Ëmgang mam Internet an de soziale Medie gewisen. Si goufen sou ënnert anerem iwwert d’Gefore vun Deepfakes oder der aktueller Bedruchsmethod, dem Phishing, informéiert. Eis Schüler a Schülerinne goufe virun dësen an anere Gefore gewarnt, krute gewisen, wéi si sech schütze […]

Lëtzebuerger Philosophieolympiad 2024

Den 23. Januar 2024 huet de schoulinterne Concours fir déi national Philosophieolympiad am LCE stattfonnt. Ënnert villen Iddien, déi derwäert gewiescht wieren, fir extra ervirgehuewen ze ginn, konnte bei der dësjäreger Editioun déi vum Lisy Meyers (2CA) a Max Müller (1CG) am meeschten iwwerzeegen. Domadder representéieren si den LCE bei der nationaler Philosophieolympiad, déi den […]

Classe de Neige zu Flaine

90 Schülerinnen a Schüler vun eise 6e’s Klassen an 11 Enseignanten hunn zesummen flott a sportlech Deeg an der Classe de neige zu Flaine verbruecht. Bei guddem Wieder a beschter Laun stoungen niewt dem Ski-Stage Aktivitéiten an Animatioun um Programm. Et wäerte vill Erënnerunge bleiwen.

Cours “sujets d’actualité”

Den onofhängegen (Fernseh)Journalist Petz Bartz war am LCE op Besuch fir am Cours “Sujets d’actualité” mat de 1ère-SchülerInnen iwwert d’Erausfuerderunge vu sengem Beruff ze schwätzen.An engem oppenen Echange konnt hien seng Erfarungen (e.a. an der Ukraine, Syrien, asw.) mat eise SchülerInnen deelen. Relevanz, Methodik, Objektivitéit, Faktencheck, Onofhängegkeet, Fairness, Integritéit, Verantwortung… vill Dimensioune vun der Informatiounssammlung […]

VINTAGE

Dës Fotoe kéinten aus dem leschte Joërhonnert sinn.Si erënneren eis u Biller aus ale Fotoalben: vergilbt, am Sepia-Toun oder mat engem roudelzege Stéch …D’SchülerInnen hunn an der Foto-Optioun (Madamm Andrée Staar) passend Motiver fotograféiert a se am Photoshop an e Retro-Stil ëmgesat.