Gesank virum Gank

Neen, et ass kee Schreiffeeler! Wéinst Covid war et de Sängerinnen a Sänger aus eiser Schoul dëst Semester net erlaabt an der Paus am Gank vum Haaptgebai ze sangen. Mee d’Sange „virum“ Gank, dobaussen op der Trap vum Haaptgebai, ass méiglech. Sou gouf kuerzerhand de Piano virun d’Dir gerullt an eis Museksproffe konnte wéi gewinnt der Schoulgemeinschaft weisen, wéi eng Lidder si mat de Chéier ageüübt hunn.