D’LCE-Fanfare zu Köln

D’Visitt vun der Stad Köln mat hire ville Chrëschtmäert ass déi traditionell Belounung fir d’Schüler vun der LCE-Fanfare, déi bei der Geleeënheet vun der Bulettskiermes den Hämmelsmarsch an eisem Lycée an duerch Iechternach gespillt hunn.

Wéi all Joer, war och fir d’Editioun 2021 e besonneschen Highlight virgesinn – d’Visitt vum vum Schokolasmuseum. Hei stoung déi nohalteg Schokolasproduktioun am Mëttelpunkt. Uschléissend huet e gemeinsaamt Mëttegiesse stattfonnt. Déi traditionell Visitt vum Kölner Doum huet dobäi net dierfe feelen.