Remise de Chèque zu Gonschte vu Fairtrade Lëtzebuerg

De „Bistro Berdorfer Eck“ huet de Sonndeg den 23ten Januar en DON am Wäert vun 1.000 .- € zu Gonschte vu Fairtrade Lëtzebuerg iwwerreecht. Beim mëttlerweil traditionelle „ Fairtrade Brunch“  organiséiert vum Berdorfer Eck sinn 3 verschidde Formulle „à emporter“ ugebuede gi mat ville regionalen a Fairtrade zertifizéirte Gourmandisen sou wéi zum Beispill déi mat fairem Schockela produzéiert „ Schockelasrull“ vun der Bäckerei Jeitz vu Consdorf.

De Berdorfer Eck huet och des Kéier Ënnerstëtzung vum Lycée Classique vun Iechternach kritt, deen als och „Fairtrade School „ och mat aner Aktivitéiten (baispillwais : Fairtrade Rouse fir Valentinsdag) aktiv fir de fairen Handel engagéiert. Och dëst Joer konnt durch Pandemie bedéngt di Versioun „à emporter“ e groussen Succès opweisen an konnt soumat di läscht 2 Joer jeeweils mat 500.- Euro Fairtrade Partner an Asien, Mëttelamerika an Afrika ënnerstëtzen. Fairtrade Lëtzebuerg ass houfreg op esou staark an engagéiert Partner ze zielen seet „MERCI“!