Mérite Jeunesse

No zwee Joer Pandemie hunn d’Schüler es genuch mat reduzéierten an digitalen Aktivitéiten : zu ronn 60 ware si op déi 1. Informatiounsversammlung komm fir méi iwwer de « Mérite Jeunesse » gewuer ze ginn.

De « Mérite Jeunesse » riicht sech u Jonker vu 14 Joer un. Säit en 1956 vum Duke of Edinburgh an d’Liewe geruff ginn ass, ass et d’Zil vum Programm fir Jonker zu neien Erfarungen ze pushen an dësen Engagement dono offiziell unzëerkennen.

Dës nei Erfarungen deelen sech an zwou Haaptkomponenten an. Engersäits mussen d’Schüler sech an dräi Beräicher iwwer eng méi laang Zäit engagéieren, ma en wichtegen Deel ass och d’Expeditioun.

D’Aktivitéiten an de Beräicher Benevolat, Talenter a Kompetenzen, a Sport sinn ausserschoulesch. All Jonken huet en Tuteur, dem säin Roll et ass fir déi Jonk ze begleeden an ze motivéieren, an hinnen ze hëllefen, déi fir si passend Aktivitéit ze fannen. Pro Beräich mussen si sech dann eng Stonn d’Woch engagéieren.

Jee no Niveau vum Certificat (Bronze, Sëlwer oder Gold) variéiert d’Dauer vum Engagement. Fir de Niveau « Bronze » muss een an 2 Beräicher wärend 3 Méint, an an engem Domaine (au choix) souguer wärend 6 Méint aktiv sinn.  

D’Expeditioun um Niveau « Bronze » ass eng Wanderung vun zwee Deeg mat enger Iwwernuechtung a Gruppe vu 4 bis 7 Jonker. An enger Rëtsch Preparatiounsatelieren sichen d’Schüler, zesumme mat den Tuteuren, de Wee selwer raus. Si bereeden sech op déi verschidden Schwieregkeeten vir, vun Rucksak paken an Wee sichen, iwwer Zelt opriichten an selwer kachen. Sou sinn si ideal preparéiert an encadréiert, fir dat Abenteuer an der Natur « eleng » (an awer begleet) ze meeschteren.

D’Expeditioun gëtt fir d’Schüler vum Lycée a vum Internat zesummen organiséiert, dëst vun den Tuteuren vum LCE, den Enseignanten Jeanne Lambert a Carmen Schares, mam Tuteur vum Institut Saint Willibrord, dem Educateur Thierry Meyer.

www.merite.jeunesse.lu