Schüler aus dem LCE gewannen ESC Concours

Lou-Léa Flury an d’ Marine Caboche aus der 1CD hu mat hirem Team SHARKJIRA déi 1. Editioun vun der « European Statistics Competition » (ESC) – organiséiert vum STATEC an dem Science Center Luxembourg – zu Lëtzebuerg gewonnen. Bei dësem Concours hunn d’Schülerinnen een Online- Questionnaire iwwert statistesch Themen ausgefëllt an eng Foto iwwert de Sujet “Zoufall” (hasard) maachen a beschreiwe missen. Ënnert 72 Equippen an der Kategorie A (16-18 Joer) si si op déi 1. Plaz komm.


D’Lou-Léa an d’ Marine hunn lo d’Méiglechkeet un der europäescher Phase vum Concours deelzehuelen. Hei mussen si ee Video vu Maximum 2 Minutten iwwert Ëmweltstatistiken zu Lëtzebuerg dréien.


Déi beschte Fotoe vum Concours ginn exposéiert am Kader vun der Ausstellung „Comme par hasART“ am Luxembourg Science Center. Nieft der Foto vu SHARKJIRA gëtt hei och d‘Foto vun der Equip BUBBLES (Noah Heck, Jan Burkhardt, Pitt Weber) aus der 2CG ausgestallt.
Felicitatiounen un eis Schüler!