Liesung mam Tom Hengen

E Mëttwoch war de Lëtzebuerger Auteur Tom Hengen fir eng englesch Liesung op Besuch am LCE. Hien huet de Schüler vun der 3A an 2A aus sengem Buch Journeys into Modern Mythologies virgeliest. An dësem Gedichtband befaasst sech den Här Hengen ënner anerem mat der bekannter Fotoausstellung The Family of Man vum Edward Steichen.  Och gesellschaftspolitesch Themen an di gemeinsam Reese mat sengem Bouf ginn am Buch op poetesch Aart a Weis verschafft.

Wärend der Liesung huet den Auteur demonstréiert, dat d’Aussproch vu verschiddene Wieder dem Gedicht kann eng zousätzlech Déift ginn.

Fir den Tom Hengen ass Schreiwen awer och eng Aart a Weis fir bestëmmte Perioden aus dem Liewen um Pobeier festzehalen, op déi ee spéiderhi kann zréckkucken ;  also eng Zort Erënnerungskultur.

D’Schüler huet hien encouragéiert un nationalen an internationale Schreifconcoursen deelzehuelen. Nëmmen op dës Manéier géifen se den néidege Feedback kréie fir sech schrëftstelleresch weiderzëentwéckelen.

Den LCE seet den Tom Hengen villmools Merci fir säi Besuch.