Vente en commun vun de Mini-Entreprisen

D’Coordinateure vum Projet “sustainable entrepreneurial schools” vum Maacher Lycée an dem LCE hu gutt zesumme geschafft : op der Vente en commun, déi si zesummen organiséiert hunn, konnten d’Schüler vun de Mini-Entreprise aus béiden Lycée’en wärend der Mëttegpaus hir Stänn presentéieren a Produiten verkafen, dëst eemol am Preau vum Maacher Lycée an eemol Haff vum LCE. Dëst huet de jonken Entrepreneuren d’Méiglechkeet gi sech am Verkaaf ze üben, méi Clientèle ze hunn an awer och d’Entrepreneuren aus dem jeeweils aneren Lycée kennen ze léieren an hir Produiten ze bestaunen an domat och nei Idee’en ze kréien.
D‘Enseignanten an d‘Schüler hu sech trotz deenen haut dach ongemittlechen Temperaturen déi verschidden Produiten ugekuckt. Et war vill Verschiddenes derbäi : Pullover,  Jutebeutel, Téi deen d’Faarw changéiert, e Spiggel fir an d’Onendlechkeet ze  kucken, …