Spigelkabinett 2022

No zwee Joer Paus konnt d’Editioun 2022 vum Spigelkabinett erëm iwwert d’Bün goen: Dës Kéier am grousse Sall vum Trifolion, dee gutt gefëllt war.

De Proffechouer huet ënnert dem Dirigat vun der Mme Monique Schumann den Optakt gemaach mat 2 Popklassiker vu Queen an den Turtles.

Den Haaptdeel hunn “Die Singenden Primaner von Echternach” ënnert der Leedung vum Georges Urwald gesongen: “Es lebe die Freiheit“ – d’Hymn vun de Primaner- , eng kommentéiert Rees duerch d’musikalesch Rock- a Popstiler vun den 1920er bis d’1990er Joren, d’Abtei-Lidd an zu gudder Lescht en Hommage un de bekannte Lëtzebuerger Entertainer De Litty, dee virun 150 Joer op d’Welt koum, a Form vun enger Lidderzäitrees duerch säi Liewen an d’Lëtzebuerger Geschicht.

Als besënnlechen Ofschloss hunn d’classes musicales, eng Rëtsch Septimaner, zwee Cellisten an de Proffechouer zesummen dem Udo Lindenberg säi Lidd “Wozu sind Kriege da?” gesongen. Zwou Zugaben ënnermaueren den Erfolleg vum Owend.

D’Direktioun vum Iechternacher Lycée huet uschléissend op de Patt an de Kräizgank invitéiert.