2CC am Scienteenslab

Eis Schüler*inne vun der 2CC kruten de 25. Mäerz 2022 wärend engem Dag en interessanten a flotten Abléck an déi alldeeglech wëssenschaftlech Fuerschungsaarbecht am Scienteenslab. De Scienteenslab  – de Labo fir Jonker – ass den éischte Fuerschungslabo fir Lycéesschüler um Campus vun der Uni Lëtzebuerg zu Esch/Belval. 

Beim Thema vum Dag “DNA on the tanning bed” hunn d’Schüler sech Fro gestallt, wéi eng Wierkung  UV-Stralung op DNA vun der Bakterie Escherichia Coli huet. Dobäi konnten si – mat Kiddel, Händchen a Masken equipéiert – de ganze Versuchsprotokoll selwer duerchféieren. Si haten sou d’Geleeënheet verschidden Technike “hands-on” kennenzeléieren: mat Mikropipette schaffen, DNA isoléieren, d’PCR-Method ëmsetzen an eng Agarose Gelelektrophorese opsetzen an auswäerten.