Schachturnéier am Lycée Emile Metz

Fënnef schachbegeeschtert Schüler aus eisem LCE (Pedro Brochado, Louis Burdot, Sam Heinisch, Tim Treinen a Noa Zaccaria) sinn en Dënschden, den 26. Abrëll 2022 beim Schachturnéier am Lycée Emile Metz géint Schüler aus anere Lycéeen ugetrueden. No de jeeweils siwe spannende Partien konnten zwou Medailen am Eenzelklassement an eng Coupe fir di zweet Plaz an der Teamwäertung mat op Iechternach bruecht ginn.