Mikro-Projet INTERREG – Sportfestival DeLux

Leschte Freiden hu bei beschtem Wierder ronn 300 Schüler a Schülerinnen aus de Grenzregioune vu Lëtzebuerg an Däitschland un dësem Sportfestival am Lënster Lycée International School deelgeholl. Den däitschen Ambassadeur, den Här Ulrich Wilhelm Klöckner, huet a senger Ried de Jonke gerode vun dësem sportlechen Event ze profitéiere fir nei Kulturen a Sprooche kennen ze léieren. Eis Schüler a Schülerinnen haten den Dag vill Spaass beim Ausprobéiere vu neie Sportaarten.