Optakt vum “Mérite Jeunesse” am LCE

Säit dësem Schouljoer ass den LCE och eng Unitéit vum „Mérite Jeunesse“, ee vun de weltwäit gréisste Jugendprogrammen, deen oppe fir all Jonken tëscht 14 a 25 Joer ass.

Aus dësem Ulass koum de Prënz Guillaume, President vum Verwaltungsrot, e Freiden, de 6. Mee 2022 an de Spigelsall, fir eiser Schoulgemeinschaft de Programm virzestellen. An de Riede vun de Responsabele gouf ënnerstrach, datt de „Mérite Jeunesse“ de Jonken hëlleft, sech an hir Talenter z’entdecken, well net alles, wat een am Liewe brauch, léiert ee bekanntlech an der Schoul. Jonker brauchen och Erfarungen ausserhalb vum Klassesall fir responsabel, engagéiert an zefridde Matbierger ze ginn. 

Et gi verschidde Voleten an dräi ënnerschiddlech Niveaue beim “Mérite Jeunesse”. De Participant kann säin Niveau a seng Aktivitéite selwer eraussichen. Fir matzemaache muss hien a véier verschiddene Beräicher aktiv ginn: ee Benevolat maachen, ee Sport ausüben, een Talent léieren an eng Expeditioun maachen. Hie sicht sech seng Aktivitéite selwer eraus a stellt sech esou e Programm zesummen, deen ausgeglach ass an him Spaass mécht.

Tuteuren am LCE sinn d’Enseignantë Carmen Schares a Jeanne Lambert: Si organiséieren de „Mérite Jeunesse“ an eiser Schoul a begleeden an ënnerstëtzen eis Schülerinnen a Schüler.