Hackathon “Future of Education”

Den David Di Bartolo (1CG) huet beim Hackathon “Future of Education” am “House of Startups” deelgeholl.

Hei seng Impressiounen:
“Beim Hackathon hunn ech nei Schüler awer och Leit aus der Aarbechtswelt kennegeléiert. Mat menger Grupp zesummen hu mir eis Iddie fir e bessere Schoulsystem virun engem interesséierte Public, deen aus de Membere vum Jury a Schüler aus den aneren Equippe bestanen huet, presentéiert. Et war ganz interessant nozelauschteren, wat déi aner Gruppe virgedroen hunn. Ech kann nëmme jidderengem un d‘Haerz leeën an Zukunft och bei sou interessanten Evenementer matzemaachen.“