Visitt vum Minister Meisch – Éischten Deel

Am Kader vu senger aktueller Lycées-Tournée ass de Minister Claude Meisch mat enger Delegatioun aus dem Unterrechtsministère e Méinden op Iechternach komm. Ënnert dem Motto „Innovativ Schoulen“ hunn d’Schüler*innen an d‘Enseignanten dem Bildungsminister zwee innovativ Projeten am LCE virgestallt. 

Fir d’éischt huet d‘Nathalie Wagener, Däitschprofessorin an Anti-Gewalt-Trainerin am LCE, eise Gäscht d’Optioun „Soziales Lernen“ op der 7G kuerz virgestallt. Duerno hunn d’Schüler*inne vun der 7G4 der Delegatioun erkläert, wéi si zum Beispill duerch d’Kenneléiere vu Kommunikatiounsstrategien a Rollespiller an dësem Cours geléiert hunn, hire Sträit friddlech ze léisen. Dunn duerften de Minister, den Direkter an d’Direktrice-adjointe vum LCE a Membere vun der Delegatioun zesumme mat de Schüler*innen hiren Teamgeescht beim Geschécklechkeetsspill „Fröbeltuerm“ beweisen. Mir felicitéieren op dëser Plaz eis jéngste Schüler*inne fir hir gutt Erklärungen. Mir sinn houfreg op iech!!