Visitt vum Minister Meisch – Zweeten Deel

Duerno huet de Robert Droulans, Physiksprofesser a Member vun der CDS am LCE, de Projet „Synergies“ vum LCE virgestallt: Op 3e an op 2e kënnen d’Schüler*innen aus dem ESC an dem ESG hiren Interessen no zwee Couren auswielen. Heibäi wielen si e méi theoretesche Cours (cours complémentaire) an e méi praktesche Cours (option) aus. Flott ass fir eis Schülerinne vu Classique a Général, datt si zesummen dës Coure besiche kënnen.

Fir en Abléck an dës Couren ze kréien, hunn eis Gäscht fir d’éischt de Cours complémentaire „Rock`n Philo“vum Philosophieprofesser Francesco Slavazza besicht. Dëse moderne Cours geet op grouss Momenter vun der Geschicht vun der Rock- Musek an a stellt se an hiren zäitgeschichtlechen a gesellschaftleche Kontext. All d’Membere vun der Delegatioun goufen agelueden no der Methode vum „Thesentopf“ mat de Schüler*innen ze diskutéieren an dobäi grondsätzlech verschidde Positiounen (Nihilismus, Terrorismus, zivillen „Ungehorsam“, de legale Wee) beim Sujet vun der sozialer Onzefriddenheet an de 1970er Joren anzehuelen.