E Méindeg huet d’Silvia Monteiro vu Fairtrade Lëtzebuerg eise Schüler vun der 3e D (Madamm Anne-Caroline Berscheid) an engem ganz flotten Atelier d’Missioune vu Fairtrade präsentéiert.
Unhand vun der Bananneproduktioun a Südamerika konnten d’Schüler gesinn, mat wéi enge Probleemer déi oft kleng Produzente konfrontéiert ginn a wéi kleng den Undeel um Benefice fir d’Aarbechter um Terrain ass. Sie verdéngen oft just ganz wéineg am Géigesaz zu de Commerçant’en an Europa zum Beispill. D’Cooperativen erlaben de klenge Produzenten zesummen ze schaffen.
Fairtrade
– garantéiert de Produzenten ënner anerem e festgesate Mindestpräis, deen et dem Plantagebesëtzer och erlaabt mënschewierdeg mat senger Famill ze liewen,
– ka Projete virfinanzéieren,
– verbitt Kanneraarbecht,
– kämpft géint Diskriminatioun,
– ënnerstëtzt eng ëmweltschounend Produktioun,
– definéiert eng Lëscht mat verbuedenen Insektiziden, a.s.w.
De Fairtradelabel garantéiert dem Consommateur also, dass hien nohalteg a fair consomméiere kann!
Zu Lëtzebuerg fënnt een eng ganz Rei Fairtradeproduit’en: vu Schockela, Kaffi an Téi iwwer Banannen a Rouse bis Kosmetikartikelen.
Den LCE ass e Fairtrade-Lycée a probéiert och weiderhin esou gutt wéi méiglech beim Akaf vu senge Produit’en op Fairtrade ze setzen.
@fairtradelëtzebuerg