D’7G2 am Mariendall

Virun der Ouschtervakanz huet d‘7G2 am Mariendall un Aktivitéite vum Service National de la Jeunesse deelgeholl. D’SchülerInne goufen vun den Enseignantë Michelle Ast, Anaïs Calgaro, Manon Pint a Carmen Schares begleed.
Bei den Teambuilding-Aufgabe sinn d’Schüler am Laf vum Moie lues a lues méi koordinéiert virgaangen. Si hunn ënner anerem gemierkt, datt een a méi klenge Gruppe méi fokusséiert Schwieregkeeten ugoe kann.

Am Nomëtte goung et bei zwee verschiddenen Escape Games drëm, fir genuch Hiweiser ze sammele fir duerno e Code knacken ze kënnen. Och hei ass no an no eng Rolleverdeelung am Grupp geschitt.
Am Bilan gouf ënner anerem thematiséiert, wéi wuel d’SchülerInne sech an hirer Klass spieren.