Remise des Insignes beim “Mérite Jeunesse”

E Mëttwoch den Owend hu 5 SchülerInnen aus eisem Lycée e Brevet beim “Mérite Jeunesse” iwwerreecht kritt, dëst ënner anerem vum Ierfgroussherzog Guillaume a vum Prënz Guillaume. Fir den LCE waren d’Carmen Schares als Tutrice an de Robert Droulans als Direktiounsmember mat derbäi.
De Programm “Mérite Jeunesse” gouf réischt 2022 am LCE agefouert. Néng Schüler hunn den Niveau « Bronze » scho mat Succès ofgeschloss: Stephanie Di Floriano, Claire Dumont, Dominik Rock, Liz Schleich, Pit Schmitz, Julie Weis, Charline Werdel, Hannah Werdel a Valérie Werdel.
Eis Felicitatiounen!