D’ADEM am LCE

Leschte Freide kruten d‘SchülerInne vun eisen ieweschte Klassen erkläert, wéi eng Beruffer a Qualifikatiounen an Zukunft haaptsächlech an der Aarbechtswelt gefrot wäerte sinn a wéi eng Plazen éischter um Verschwanne sinn. Am Spezielle sinn d‘Experte vun der ADEM op d‘Secteure vu der “Santé-Social” an der “Administration-Gestion” agaangen.
Dësen Atelier iwwert de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart gouf animéiert vun der Madamm Ries an der Madamm Monteiro aus der „Maison de l‘Orientation“ vun der ADEM.