De 15. Mee 2024 hunn d’Schüler vun der Optioun “Sustainable future” d’Startup Fëschhaff zu Greiweldeng besicht. Dësen innovative Projet verbënnt Hydrokultur a Fëschzuucht fir esou nohalteg, plaz- a ressourcëschounend Liewensmëttel ze produzéieren. Nieft der Visite vum Site kruten d’Schüler déi méi technesch Hannergrënn erkläert an hunn och un engem klenge Workshop deelgeholl.