D’Lisy Meyers vun der 2CA an de Max Müller vun der 1CG hunn eise Lycée op der dësjäreger Finall vun der Lëtzebuerger Philosophieolympiad um Edupôle zu Walfer representéiert.
Béid konnte mat hire pertinenten Argumentatiounen an Iddien zum Sujet vun der kënschtlecher Intelligenz iwwerzeegen, a goufe fir hir interessant Reflexioune mat enger Éieremedaille belount (landeswäit Top 8 Positiounen).
Eis Felicitatiounen!