D’Beienoptioun aus dem LCE war an der Finall vun den Junior Project Awards vertrueden, wou d’Malou Bosseler, d’Lis Krier, d’Mariella Pantanali an den Helder Ribeiro Dos Santos dem Jury hier Freed un der Aarbecht mat de Beien an déi ganz erfollegräich Produktioun a Kommerzialisatioun vu Beieproduiten (Käerze, Kosmetikproduit’en, Hunneg) présentéiert hunn.
Och wann et leider net duer gaangen ass fir op de Podium, kënnen d’Schüler aus der Beienoptioun an hiren Enseignant den Här François Thillen immens houfreg op dat sinn, wat sie an nëmmen engem Schouljoer alles erreecht hunn.
