D‘2GSO war d’Ausstellung „DemokratieLabo“ vum Zentrum fir politesch Bildung an den Trifolion kucken.
Am DemokratieLabo gëtt sech, wéi den Numm et scho seet, mat Demokratie beschäftegt. Dëst gëtt op verschidde Manéieren an aus ënnerschiddleche Bléckwénkele gemaach. Heibäi handelt et sech ëm: Participatioun, Polariséierung, soziale Wandel, Integratioun, Roll vun de Medien, Elementer vum Rechtsstat, Mënscherechter, Identitéit(en), Virurteeler, Fräiheet, Ongläichheet a Gerechtegkeet.
Am Vierdergrond stinn aktuell Froen, déi d’Zesummeliewen an d’Gesellschaft betreffen. D’Froen, déi gestallt ginn, befaassen sech net mam Oflaf vu Walen oder wéi sech eng Regierung zesummesetzt, mee mat Froe wéi “wat ass iwwerhaapt meng Meenung dozou” oder “wat solle mir maachen, wa mir eis net eens sinn?”. D’Visiteuren erfuerschen d’Spannungsfelder vun enger demokratescher Gesellschaft a stelle fest: “Dat huet eppes mat mir ze doen”.