Den LCE leeft fir Kanner a Krichsgebidder

Bal 300 Leefer hunn sech net dervun ofschrecke gelooss, datt d’Wieder alles anescht wéi summerlech war an hunn um “Sponsored Run” am Iechternacher Park deelgeholl. Am Virfeld haten si all fläisseg no Sponsore gesicht, fir Suen ze sammelen, fir der Unicef hir Projet’en ze ënnerstëtzen. Mir wëllen an dësem Kontext de Mataarbechter vun der Unicef villmools Merci soen, fir déi onkomplizéiert Zesummenaarbecht an dofir, datt si um Dag vum Laf bei eis an d’Schoul komm sinn, fir eis eng Hand mat unzepaken. Mir wëllen och de Schüler vun der 7G2, der Elterevereenegung vum LCE Merci soen, fir hier Ënnerstëtzung a virun allem all de Leefer an hir Sponsoren: Mir si ganz houfreg op ären Engagement!
 
D’Organisateure vum Sponsored Run: Ginette Altmann, Michèle Pletschette, Tanja Wagener, Laurent Weber

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu