Schreif- an Zeecheconcours 2024

E Freiden, de 14. Juni 2024 hunn déi fënnef Gewënner vum “Schreif- an Zeecheconcours 2024” an der Schülerbibliothéik hir Präisser iwwerreecht kritt. Beim Concours ass et dëst Joer drëms gaangen e Comic oder e Manga zum Thema “Fair mateneen ëmgoen” ze zeechnen.
Déi éischte Platz geet un d’Jennifer Kreins, dat d’Jurysmembere mat senger exzellenter Aarbecht iwwerzeege konnt. D’Jennifer gewënnt e Reesbong am Wäert vun 300 € fir relax an d’Summervakanz eran ze starten.
Déi zweet Platz ass fir d’Eléonore Clees Degueurse. Hat gewënnt eng boîte cadeau fir an de Kino ze goen an och nach verschidden Akafsbongen.
Plaz dräi geet un d’Yvone Zhang. Hat dierf sech iwwer fonkelnei Bluetooth Kopfhörer an Akafsbonge freeën.
Déi véiert Platz konnt sech d’Julie Lenoir sécheren. E gratis ANNO 23/24 an een Akafsbong gehéieren elo him.
Déi fënneft Platz geet un d’Zoe Lorenzo Jacottin. Och hat dierf sech iwwer een Akafsbong freeën.
Den LCE wënscht alle Gewënner vill Spaass mat hire Präisser.
E grousse Merci och un d’Sponsore vum Concours: Voyages Emile Weber, Ciné Sura, Quaichleker Bichereck a Samkats.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu