D’6CL1 war am MNAHA

D’Schüler vun der 6CL1 waren de 14. Juni am MNAHA (Musée national d’archéologie, histoire et d’art). Bei enger Visite guidée konnten si hiert Wëssen iwwer d’gallo-réimesch Zivilisatioun verdéiwen. Uschléissend konnten d’Schüler d’Erfarung maache mat engem Griffel op eng Wuesstafel ze schreiwen, souwéi d’Schüler am ale Roum et deemools gemaach haten.