Septimaner-Rentrée am LCE

En Dënschden de Moien goufen 187 Septimaner an d’Schoulgemeinschaft vum LCE opgeholl.
Am Trifolion goufen si an hir Eltere vun der Direktioun vum LCE ganz häerzlech begréisst. No der Ried vun der Madamm Coryse Hubert, Directrice vum LCE, sinn eis nei Schüler op néng Septièmes-Klassen opgedeelt ginn. Hir Regente oder hire Regent huet si an d’Haaptgebai vum LCE begleet, wou si haut an hirem Klassesall hir nei Klassekomerode kennegeléiert hunn. Dës éischt Schoulwoch ginn eis jéngste Schüler gemittlech an d’Liewen an eiser Schoul agefouert.
Bei engem Café-Croissant am Kräizgank haten d’Elteren d’Geleeënheet sech mat der Direktioun vum LCE, de Membere vum SePAS, dem SES, der Léierwierkstat an dem Elterecomité auszetauschen.
Mir wënschen eise Septimaner e schéint an erfollegräicht Schouljoer.