Rentrée am LCE

E Mëttwoch de Moien um 9 Auer war et fir 1140 Schüler an 150 Enseignanten sou wäit: E neit Schouljoer huet am Iechternacher Lycée ugefaangen!
An hirer Begréissungsried huet d’Directrice Coryse Hubert eis Schüler a Schülerinnen iwwert Neiegkeeten am LCE informéiert, si un d’Wale fir de Schülercomité erënnert a si encouragéiert hiren Handykonsum ze hannerfroen. Schliisslech huet si alle Schüler a Schülerinnen am Numm vun der Direktiounsekipp vum LCE en erfollegräicht Joer mat Ausdauer, Motivatioun a ville flotte Momenter gewënscht.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu