Flotte Geografiescours

Op der 6G2 huet den Här Luca Hipp d’Thema kontinentaalt an ozeanescht Klima a sengem Geografiescours behandelt.

Datt d’SchülerInnen den Ënnerscheed erkennen, huet hien dëst Experiment agesat. Eng Këscht gouf mat Sand an eng aner mat Waasser mat enger Wäermeluucht, déi d’Sonn duerstellt, erwiermt. D’Temperatur gouf 5 Minutte laang all Minutt opgeschriwwen. Duerno gouf d’Luucht ausgemaach an d’Temperaturännerung gouf och erëm 5 Minutte laang notéiert. D’Resultat gouf an enger Grafik festhalen, déi fir weider Erklärungen dénge sollt.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu