Op Initiativ vun der Gemeng Iechternach gouf sech, den 13. Oktober 2024 zu Iechternach am Kader vun der „Journée de la Commémoration nationale“ un déi schwéier Joren (1940-1945) ënnert der Nazidiktatur an un d‘Affer vum Lëtzebuerger Vollek erënnert. D’Evakuatioun vun der Stad Iechternach am Oktober 1944 stoung dëst Joer am Mëttelpunkt vun der Gedenkfeier. Dës Erënnerungskultur ze fleegen ass och en Uleies vum Iechternacher Lycée. A Kollaboratioun mat der Gemeng Iechternach hunn dräi Schülerinnen aus dem LCE, d’Emily Langer, d’Lisy Meyers an d‘Jeanne Thill dee Moien Texter, déi un déi éischt doudeg Zivilisten erënneren, d‘Zerstéierung vun der Stad Iechternach an d’Evakuatioun vum Spidol virun 80 Joer beschreiwen, beim Monument aux morts virgelies.