Journées Découvertes vun eise Septièmesklassen

Och dëst Joer erëm sinn all eis 7C a 7G Klassen déi nächst zwou Woche mat hire Regenten um “Stage découverte” op der Heringer Millen.
Dës Deeg hunn als Zil, den Teamspirit an d’Kohäsioun vun eise Septimaner ze stäerken. Um Programm stinn Aktivitéite, wéi den Zesummebau vun enger Waasserleitung an enger Waassermillen, den Opbau vun engem Go-Kart an als Ofschloss e gemeinsaamt Iesse mat enger leckerer Pizza.
(op de Fotoen d’7C2 an d’7G2)

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu