Den Donneschdeg, 17. Oktober huet den traditionellen English Teachers’ Day nees eng Kéier am LCE stattfonnt. Iwwer 100 Enseignanten aus dem ganze Land sinn zesumme komm, fir sech weiderzebilden a sech op de Stänn vun internationalen Editeuren (Oxford University Press, Cambridge University Press, National Geographic, Macmillan Education, Helbling) déi neiste Publikatiounen unzekucken. Kréinenden Ofschloss vum Event war de vun National Geographic Learning organiséierte Virtrag vun der renomméierter Mieresbiologin, Imogen Napper, déi iwwert hir Recherchen am Beräich vun der Plastikverschmotzung beriicht huet.