De 24. Oktober 2024 hunn eis Schülerinne Lena Fohl, Lejda Jusufovic & Misha Schmitz un engem Rallye a Clausen deelgeholl. Dësen huet stattfonnt am Kader vun der Labelvergab vum Projet Sustainable Entrepreneurial Schools an huet hinnen d’Méiglechkeet ginn verschidden Acteuren aus dem Beräich vum Entreprenariat besser kennenzeléieren.
Owes konnte si dunn och zesummen mam Här Loïc Ferreira, Attaché à la Directioun an der Madamm Anne-Caroline Berscheid, Coordinatrice vum Projet SES, un der Zeremonie am Malt a Clausen deelhuelen. Den LCE as ganz houfreg och dëst Joer rëm mam héchste Label “N3 – Entrepreneurial Culture” als Sustainable Entrepreneurial School ausgezeechent ze gi sinn.
Dëse Niveau vum Label krut den LCE fir déi sëllege Workshops, Concoursen, Visitten,… déi an den Domainer vum Entreprenariat, der Nohaltegkeet, der Orientatioun souwéi der wirtschaftlecher Allgemengbildung ugebuede goufen. Eise grousse MERCI geet dofir un déi vill motivéiert SchülerInnen an Enseiganten, déi mat hirem Engagement dozou bäigedroen hunn, dass den LCE eng entrepreneurial culture opgebaut huet.