Speedcubing am LCE

Kennt dir nach de Rubik‘s Cube?
Vill vun eis hunn als Teenager (mat méi oder manner Erfolleg) probéiert dësen Zauberwierfel rëm a säin Originalzoustand mat 6 eefaarwege Säiten ze bréngen. Et gëtt mëttlerweil och offiziell Kompetitiounen, déi vun der World Cube Association (WCA) organiséiert ginn. Hei kënne Speedcuber offiziell Zäiten a Rekorder a verschiddenen Disziplinnen opstellen. Am Kader vun den aktuellen Diskussiounen ëm eng „gesond Screen- Life- Balance“ ass de Speedcubing eng flott Pausen- a Surveillance – Aktivitéit, déi vill Jonker uschwätzt. Beim Speedcubing sinn eng gutt Memoire, Gedold, gutt Reflexer, Ausdauer, Koordinatioun a Villes méi gefrot.
Fir eise 4es-Schüler dës Aktivitéit virzestellen, ass den 11. November 2024 eng belsch Delegatioun vu Schüler a Schülerinnen, déi dëst Joer um Rubik’s WCA European Championchip a Spuenien deelgeholl hunn, an den LCE komm. No enger kuerzer theoretescher Presentatioun am Spigelsall sinn eis Schüler vun hiere belsche Kolleegen an de „speedcubing“ agefouert ginn.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu