Och dëst Joer stinn d’Réagis-Coursen erëm um Programm fir all d’SchülerInnen vun der 6e, 4e an 2e. An interessante praktesche Coursë léieren d’SchülerInnen un de Réanimatiounspoppen, wéi ee richteg op en Häerzstëllstand reagéiert, eng effikass Häerzdrockmassage ausféiert an en Defibrillator korrekt asetzt.
Déi éischt 11 Klassen hunn an de leschten dräi Deeg schonn u Formatiounen deelgeholl. Bis zum Enn vum Schouljoer wäerten eis speziell forméiert Enseignanten och déi reschtlech 14 Klassen ausbilden. Domat wäerten och dëst Joer erëm 477 SchülerInnen léieren, wéi ee Liewe rette kann!