Pünktlech viru Chrëschtdag ass de 16. Band vum ANNO, den ANNO 23/24, lo rauskomm. Wéi gewinnt, publizéiere mir am 1. Deel vun eiser Schoulchronik Fotoe vun de Membere vun eiser Schoulgemeinschaft. Am Kapitel „Trouvailles“ erzielen eis Auteuren am 2. Deel d’Geschicht a Geschichte vu Géigestänn, déi mir am Schoulalldag iwwersinn. Am 3. Deel vun eiser Chronik gi mir nieft pädagogeschen a kulturelle Projeten op wesentlech Evenementer, Traditiounen, Sportsmanifestatiounen a Reesen an. Och stelle mir eis élèves méritants an d’Vitrinn a weisen déi bescht Schüleraarbechten aus der Education artistique.
Den ANNO 23/24 gëtt zum Präis vu 25 EURO (cash oder mat payconiq) am Sekretariat vum LCE verkaaft.