En Dënschdeg huet de Yannick Heischbourg vun der Superdréckskëscht-Akademie de SchülerInne vun der 4GSO erkläert, wat en nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen ass. Virun allem gouf zesummen iwwert déi 17 Sustainable Development Goals vun der UN diskutéiert. D’SchülerInne hunn de Workshop ganz interessant fonnt a probéieren hiert Verhalen unzepassen, fir méi schounend mat eiser Welt an hire Ressourcen ëmzegoen.