Zënter dem leschte Schouljoer organiséiert de Nohaltegkeetsgrupp um Enn vun all Trimester e Repaircafé am Makerspace vum LCE. Schüler a Enseignantë kënnen sech am Viraus umellen, fir dann zesumme mat eisen hauseegene Repairer hir elektresch Geräter, Spillsaachen, Kleeder oder aner Objeten ze reparéieren. Dëst Trimester konnten esou 14 vu 16 Objete gefléckt an doduerch weider benotzt ginn.
E grousse Merci geet un all d’Participanten an natierlech un eis Repairer!