D’2CA am Spotlight!

D’2CA vum LCE huet am Kader vum Concours “Jeune Journaliste” en Debat iwwer d’Thema Bildschiermzäit an Handy an de Schoulen organiséiert.
De ganze Moien hunn si an hier 4 Invitéen d’Bün vum Trifolion dierfen notzen, fir eng spannend Talkshow opzehuelen. D’Aarbecht ass awer nach net fäerdeg: elo geet et un d’Analyse, de Schnëtt an d’Veraarbechtung vum Videomaterial.
Am Kuer Éducation aux médias, deen op 3ème an 2ème an der A-Sektioun um Programm steet, léieren d’Schüler duerch spannend Projeten a praktesch Aarbecht d’Welt vum Journalismus an de Medien intensiv kennen.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu