E léierräichen Dag zu Köln

D’Schüler vun der 4CLC1 an der 4C3 hu mat dem Här Mendes Rosa, dem Här Recht, dem Här Schoellen, der Madamm Wagener an dem Här Weber gëschter e flotten a léierräichen Dag zu Köln verbruecht.
No der Visite vum Kölner Doum, wou den Historiker Marc Schoellen de Schüler vill Wëssenswäertes iwwert dëst eemolegt Bauwierk verzielt huet, hunn déi 2 Klassen un enger Visite guidée am “NS Dokuzentrum” deelgeholl, wou si vill Informatiounen iwwert déi brutal Methode vun der Gestapo kruten a selwer a Prisongszelle goe konnten. Zäit fir ze shoppen ass natierlech och bliwwen, mee verschidde Schüler si léiwer op den Tuerm vum Kölner Doum geklotert oder waren sech nach d’Schatzkammer ukucken.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu