Mat 5 Schüler ware mir den 3. Weekend am Januar um Ski Championnat zu Adelboden an der Schwäiz vertrueden. Datt eis Resultater net sou gutt wéi 2024 waren, huet net um Wieder geleeën, mä éischter un de schlechte Pistekonditiounen. Eng Woch nom Weltcup, deen op der gläicher Piste gefuer gouf, war dës nach richteg äiseg. Doduerch konnt just d’Charlotte Frank a senger Kategorie eng remarkabel 2. Plaz maachen.
Trotzdeem hu mir e flotte Weekend zu Adelboden verbruecht a konnte vill Pistekilometer maachen. Jiddefalls eis Motivatioun fir 2026 rëm an d’Schwäiz ze fueren an dann do op de Podium ze klammen ass ganz grouss!