Den LCE huet gëschter un der LASEL-Competitioun Futsal (Cadets: 2009/2010) deelgeholl. D’Qualifikatiounsronn gouf a 7 Poulen a verschiddenen Lycéeë gespillt. Insgesamt hunn 32 Equippe versicht sech déi éischt Plaz an hirer Poul ze sécheren, wat da gläichzäiteg d’Qualifikatioun fir d’Finallronn bedeit huet. Den LCE huet an enger ganz enker Grupp déi gutt drëtt Plaz gemaach.
- Hei d'Resultater:
- LTC-LCE: 1-0
- MLG-LCE: 1-0
- LCE-LPEM: 3-0
- LCE-LTEtt: 2-1
Insgesamt huet eis Equipe déi 14. Plaz vun 32 erreecht. Am drëtten Trimester sinn eis Minimes (2011/2012/2013) dann un der Rei.